D'Bettenduerfer Musik gouf 1920 gegrënnt.
Aktuell zielt eis Musik 48 aktiv Musikantinnen an Musikanten.
Eis Musik kann op ee Repertoire vun iwwert 1'150 Musiksstécker zréckgräifen, esou dat mir
Stécker vun alle Musiksrichtungen spillen; vun Klassik iwwer Blues bis hin zu Popmusik.
D'Musik ass Member bei der Union Grand-Duc Adolphe UGDA.
All Freiden ass Prouf vun 20 bis 22 Auer am Musikssall.
Dir sidd eng Musik, ee Sydicat oder eng Gemeng an braucht eng Musik fir Ärt Evenement? Dann schreift eis
Besetzung
Eis Musik setzt sech aus folgenden Regësteren an Besetzung zesummen
1 Piccoloflute
3 Querfluten
5 Klarinetten
5 Saxophon-Alt
3 Saxophon-Tenor
1 Saxophon-Bariton
7 Trompetten
3 Bugelen
1 Chor
2 Trombonen
3 Euphoniumen
1 Bass
6 Percussionisten
Gëff och du bei eis Member
Du Spills een Instrument an hues Loscht an enger villsäiteger Musik matzespillen?
Dann bass du bei eis häerzlech Wëllkomm
Vergaangen Galaconcerten
Zënter 2007 steet eise Galaconcert all Joer ënnert engem speziellen Thema mat entspriechender Dekoratioun