Fréier Kommandanten

† Salentiny Pierre ëm 1880
† Theis Albert ëm 1887 
† Engel Bernard ëm 1891
† Reiland J. 1883-1904
† Dondelinger Joseph Auguste ca. 1910-1928
† Strauss Joseph ca. 1928-1939
† Reinig Nicolas ëm 1933
† Majerus Jean-Pierre 1947-1957
† Dupont Pierre 1957-1960
† Muller Nicolas 1961-1969
† Weber Joseph 1969-1975
Peters Raymond 1975-1977
† Meder Henri 1977-1979
Granelli René 1979-1981
† Kraemer René 1981-1997
Mainz Paul 1997-2003
Poecker Pierre 2003-2015
Kraemer Fränk 2015-2020

Fréier Presidenten

*De Posten vum Kommandant an President gouf 1990 getrennt

 

† Schmitz Albert (Ber) 1990-1997
Oestreicher Ron 1997-1999
Weber Fernand 1999-2004
André Norbert 2004-2013
Granelli Jim 2013-2015
Schannel Nico 2015-2019

Fréier Dirigenten

† Beicht J.P. ca. 1920-1935
† Hoffmann ca. 1935-1940
† Lassans Jean-Pierre 1947-1965
† Schalz Théo 1965-1969
† Meis Paul 1970-1975
† Tresch Robert 1976-1982
Ittanbach Edgar 1982-1983
André Norbert 1983
† Engels René 1983-1985
Senger Armand 1985-1989
† Schiltz Marc 1989-1998
† Grégoire Jean-Noël 1998-2000
Nakhimovitch Pavel 2000-2019


Bicher vum an iwwert de Veräin

Titel Bettendorf 1980 - Aspekte einer Kulturlandschaft
Joer   1980
Ëmfang 477 Säit mat 300 Fotoen
Präiss op Ufro

Dëst Buch ass fir de Centenaire vun de Pompjeeën geschriwwe ginn.

An engem éischten Deel gëtt d'Geschicht vun de Pompjeeën an vum Veräin, an engem zweeten Deel d'Geschicht vun Bettenduerf vun fréister Zäit un bis 1980 behandelt.

Titel 125 Joer Pompjees-Musik Bettenduerf 1880-2005
 Joer 2005 
Ëmfang 189 Säiten mat 200 Fotoen
Präis op Ufro

Dëst Buch ass fir d'125 Joer vun de Pompjeeën geschriwwe ginn.

Et behandelt d'Geschicht vun de Pompjeeën an vun der Musik am Zäitraum 1980-2005.


Veräinsgrënnung

Am Joer 1843 gouf een neit Gesetz iwwert d‘Organisatioun vun de Gemengen agefouert. An dësem Gesetz vum 24. Februar 1843, Kapitel 6 Vom Collegium der Bürgermeister und Schöffen, Artikel 48 Paragraf 11 steet dat de Buergermeeschter an d‘Schäffen folgend Flicht hunn: Die Ergreifung oder die Hervorrufung namentlich aller Maßregeln, welche nötig sind, Feuersbrünste zu verhüten oder zu löschen, der Gemeinde die Spritzen und die anderen notwendigen Instrumente und Geräte zu verschaffen. Déi Zäit waren déi meescht Duerfbewunner nach Baueren an haten je no Joreszäit d‘Scheier voll Hee a Stréi leien. Do derbei kënnt dat d‘Haiser nierft stengene Maueren haaptsächlech aus Holz bestanen hunn an den Daach war nach oft mat Stréi gedeckt. 

 

1845 huet den Distrikskommissär de Gemengerot op dëse Paragraf opmierksam gemaach, fir dësen ëmzesetzen. D‘Gemengeverwaltung huet dunn och déi grouss Brandgefor erkannt, mee den Distrikskommissär huet nach am Joer 1877 misse feststellen, dat d‘Gemeng nach ëmmer kee Material hat, mol net een eenzegen Eemer. Joerzéngten war de Posten Nummer 70 Instruments à incendie am Gemengebudget eidel, bis dat de Gemengerot 1879 fir d’éischte Kéier 148,10 Frang fir dësen Posten virgeschloen hat, wat vun der Regierung och guttgeheescht gouf. Des weideren hat de Gemengerot ee weidere Posten fir Pompjeesmaterial an den Dépenses extraordinaires firgesinn, fourniture d’une pompe à incendie fir 1075,35 Frang. Et schéngt wéi wann d’Regierung et esou gutt gemengt hat dat si 300 Frang méi, also 1375 Frang an 34 Cent accordéiert hat. Kaft gouf dunn eng Feierläschpompel vun der Firma Noël à Paris Modell Nr. 16; dës Pompel steet haut nach am Pompjeesbau. 

Eng gréisser Grupp vu jonke Männer huet sech bereet gefillt fir de Leit an Nout Hëllef ze leeschten an dem Feier Meeschter ze ginn. Den 23. November 1880 gouf déi sougenannten freiwillige Feuerwehrgesellschaft gegrënnt, mat enger Stärkt vun 16 Mann. Domat waren déi fräiwëlleg Pompjeeën deen éischte Veräin an der Gemeng Bettenduerf. Kuerz dorop gouf den Bezirksarchitekt J. Knepper mam Bau vun engem Sprëtzenhaus beoptragt; et ass bis well net bekannt wou dat éischt Sprëtzenhuas stoung. 1883 hat de Veräin schonn 24 Memberen a folgend Material: 75 Eemeren aus Duch, 30 Meter Drockréier mat Lanz, 6 Meter Saugréier, 6 Axten, 3 grouss Leederen, 2 Daachleederen, 1 Uelegkan, 1 Trommel an 2 Signalhörner. Dat heescht bësse Musik war schonn derbei. 

 

1886 goufen d’Pompjeeën wahrscheinlech fir d’éischte Kéier op d’Prouf gestallt. Nämlech den 5. Abrëll koum et zu deem éischte Feier, dat dokumentéiert ass. 

 

Ëm d’Jorhonnertwenn huet zu de Pompjeeën nach een Turnveräin gehéiert, wat ee Bréif vum 23. Juni 1899 oppeleet. 

1910 koum et zu engem Krisejoer fir de Veräin. Fir kuerz Zäit gouf de Veräin aus nach onbekannte Grënn opgeléist. Mee puer iwwregbliwwen Memberen hunn de Veräin neigegrënnt. Am Plaz vum Turnveräin huet dunn ee Gesankveräin zu de Pompjeeën gehéiert. 

 

 

Pompjees-Musik

No der Neigrënnung vum Veräin 1910 war de Wonsch an d’Iddi do fir eng Musik ze grënnen. 
1920 war et dunn sou wäit, d‘Freiwillige Verbands-Feuerwehr Bettendorf krut an der Plaz vum Gesankveräin eng Musik mat 18 Musikanten. D’Musik gouf keen eegestännege Veräin, fir ze vermeiden dat et am Duerf ze vill Veräiner ginn. Fir kënnen Musikant ze sinn huet een awer och mussen Pompjee sinn. 
Vun elo un sollten d’Pompjeeën zesummen mat der Musik gemeinsam Geschicht schreiwen. An dëser Ufankszäit koum de Veräin net aus de schwaachen Zuelen eraus. 

Den éischte Musiksall deen Musik hat war um éischte Stack vun der aler Post; gedeelt huet sech de Veräin dëst Gebai déi Zäit nach mat der Molkerei, déi um Rez-de-chaussée war. 
Den éischten Dirigent war den Dikrecher J.P. Beicht. 

Réischt 1926 goufen d’Statuten vum Veräin geännert. De Veräin huet elo Freiwillige Feuerwehr rsp. Fanfare-Gesellschaft geheecht. 
1935 huet de Veräin den 16. Juni ee Fest fir d’Aweiung vum neie Veräinsfändel organiséiert. 
No puer Joer waren d‘Ufanksschwieregkeeten iwwerwonnen, de Veräin sollt besseren Zäiten entgéintgoen, e sollt opbléien, mee puer Joer méi spéit sollt et anecht kommen. 

 

 

Zweete Weltkrich

Nom Afall vun de Preisen den 10. Mee 1940 sollt och d’Pompjees-Musik enger komescher an däichterer Zäit entgéint goen. 

1941 huet de Veräin mussen Member an der Gesellschaft für Literatur und Kunst ginn, anerefalls wier de Veräin opgeléist ginn an d'Veräinskeess wier un d'Reichspropagandaamt gaangen. Mee d'Musik war zënter 1940 net méi aktiv. 

Bis zum Enn vum Krich hunn d‘Pompjees-Musikanten net mat den Nationalsozialisten kooperéiert, wat schliislech zu der Opléisung vum Veräin gefouert huet. Esou gouf de Veräin vun senger Veräinskeess vun den Nationalsozialisten enteegent. Wéi de Krich no 5 laange Joren eriwwer war, waren déi meeschten Instrumenter an déi zwee Fändelen verschwonnen. 

 

 

Nom Krich

An der Generalversammlung vum 28. Februar 1947 gouf de Veräin an der Präsenz vun 17 Memberen als Pompiers-Fanfare Bettendorf neigegrënnt. 

Fir erëm eng Veräinskeess opzebauen goufen direkt no der Neigrënnung Theatervirféierungen, Baler, Concerten, Lotterien, Wissefester an den Hämmelsmarsch organiséiert. 

Am Juli krut d’Musik een neien Dirigent, den Dikrecher Jean-Pierre Lassans. 

 

Sonndes den 10. Juni 1951 huet dunn d’Aweiung vum neie Veräinsfändel stattfonnt, dëst ënnert dem Patronnage vum Prënz Jean. Pätter a Giedel vum Fändel waren den Nic Faust an d'Anna Hoffmann-Zettinger.

 

1959 war de Kantonaldag vun de Pompjeeën erëm eng Kéier zu Bettenduerf. Fir dësen Dag hat den Dirigent Lassans de Marsch Les Soldats du Feu geschriwwen; dëse Marsch gouf den offiziellen Marsch vun der Pompjeesfédératioun. 

 

Den 22. Mäerz 1965 gouf de Veräin fir déi 3. Kéier an der Veräinsgeischicht wéinst Onstëmmegkeeten opgeléist an no der Revidéierung vun de Statuten mat 24 Memberen neigegrënnt. Déi nei Statuten halen elo fest dat een kee Pompjee muss sinn fir kënnen Musikant ze sinn. 
 
 Zënter 1966 spillt d‘Pompjees-Musik am Fréijoer ee Galaconcert repektiv Fréijoersconcert. Ufanks waren dës Concerten nach am Festsall op der Gemeng gespillt gin. 


 Vum 20. Juli bis den 3. August 1980 hunn Feierlechkeeten fir de Centenaire vun de Pompjeeën stattfonnt. Am Kader vum Centanaire krut de Veräin een neie Fändel, nei Uniformen, nei Instrumenter an een neie Pompjeesauto, een neie Musiksall an ee neie Pompjeesbau. Mat Hëllef vun engem Subsid iwwert 20 Dausend Frang vum Kulturministère gouf d’Buch Bettendorf 1980 iwwert d’Geschischt vum Veräin an Bettenduerf realéiséiert. Des weideren goufen Commémoratiounstelleren maache gelooss. Beim Concert vum 26. Juli gouf de Marsch Pompiers-Fanfare, deen vum Dirigent Robert Tresch fir de Centenaire geschriwwe gouf, uropgeféiert. 


 No der Propos vum Dirigent Lassans ass d’Musik 1987 an d’UGDA bäigetrueden. 

Ab dem 1. Mee 1990 gouf de Posten vum Kommandant an President getrennt. 

 

 

Jordausendwiessel

Vum 19. Mäerz bis den 10. Dezember 2005 huet de Veräin den 125. Gebuertsdag vun de Pompjeeën gefeiert. Heizou gouf eng Broschure erausginn, déi ee Résumé vun den Aktivitéiten vun 1980 bis 2005 haaptsächlech vun de Pompjeeën an awer och vun der Musik weist.
 
2009 war d‘Musik mat hirem Galaconcert Bettendorf Greets Amerika op engem Héichpunkt ukomm. Dëse Concert stoung ënnert dem Patronage vun der Ambassade vun de Vereenegte Staaten vun Amerika zu Lëtzebuerg. Als Dekoratioun gouf déi ganz Skyline vun New York City an wochelaanger Aarbecht op der Hand gemolt an d‘Fräiheetsstatue vun New York modeléiert. Als Kréinung vun dësem ganz erfollegräiche Concert gouf d‘Pompjees-Musik vun der Ambassad gefrot fir de Galaconcert genau d‘selwecht am Kader vum 65. Joresdag vun der Befreiung vun Lëtzebuerg vun Däitschland duerch d'Amerikaner ze spillen. 

Als Suite vun deem groussen Erfolleg gouf 2010 een zweeten Deel vun dësem Galaconcert Bettendorf Greets Amerika Part II gespillt. 


Den 1. Juli 2018 gouf de Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours CGDIS als Reorganisatioun vum Rettungswiesen agefouert. 2020 gouf den CIS Bettenduerf schlussendlech integréiert. 

 

Am Joer 2020 huet de Veräin fir d’éischte Kéier zënter dem Zweete Weltkrich seng Aktivitéiten mussen temporär stoppen. Wéi Lëtzebuerg war déi ganz Welt vun der Covid-19-Pandemie betraff. Vun Mëtt Mäerz bis Ufank September hunn keng Prouwen stattfonnt. Den Hämmelsmarsch konnt awer ënnert den néidegen Restriktiounen gespillt ginn. Ab Enn Oktober war dunn erëm keng Prouf méi. Als Alternativ zum Haxefest gouf dëst zwee Joer als Drive-Inn organiséiert. Ab dem 2. Juni hunn rëm Prouwen stattfonnt.

 

Wëllt Dir méi iwwert d'Geschicht vum Veräin an vun Bettenduerf liesen, dann proposéieren mir Iech eis zwee Bicher. Wann Dir un de Bicher interesséiert sidd, dann kontaktéiert eis.