Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op eise Galaconcert, deen den 27. Abrëll ënnert dem Thema Space stattfënnt.


Kuckt Iech hei eis Broschure un:

Inhalte von Powr.io werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf die Cookie-Richtlinie (Funktionell und Marketing), um den Cookie-Richtlinien von Powr.io zuzustimmen und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in der Powr.io-Datenschutzerklärung.

Mir soen op dëser Plaz all eise Sponsoren ee ganz grousse Merci fir hir finanziell Ënnerstëtzung:

  • Agence Générale Claude Faber, Diekirch
  • alle-noten.de
  • Atelier du Son, Pétange
  • Atelier Floral Viola, Landscheid
  • Bamschoul Martin Wahl, Eppeldorf
  • Banque Raiffeisen, Leudelange
  • Boissons Clausse, Diekirch
  • Boucherie Mangen, Bettendorf
  • Boulangerie-Pâtisserie Jos & Jean-Marie, Mertzig
  • Brasserie du Vieux Moulin, Bourscheid
  • Brasserie Simon, Wiltz
  • Café beim Frank, Diekirch
  • Carmen Wollmering, Diekirch
  • Car Market by Garage Grasges, Diekirch
  • Chalet Center Kirschten, Eppeldorf
  • Croisé Assurances, Diekirch
  • Dumong, Ettelbruck
  • Electricité Faber, Diekirch
  • Eppelpress, Eppeldorf
  • Ewa Fiducière, Ettelbruck
  • Flower Power, Bettendorf
  • Friederes Assurances, Diekirch
  • Garage Pepin, Ingeldorf
  • Garage Simon, Ingeldorf
  • Gillen créateur de paysages, Tandel
  • Ierpeldenger Weier, Erpeldange/Sûre
  • Immo Ansay, Diekirch
  • Immobilière Paul Reinig, Diekirch
  • Kisch Constructions, Medernach
  • Kröger Trumpets, Trier
  • Ludes Usträicherbetrieb, Diekirch
  • Logomotif, Hosingen
  • Malou's Coiffure, Diekirch
  • Margréitschen, Diekirch
  • Menuiserie Kraemer, Bettendorf
  • Nordliicht, Moestroff
  • Nouvelle Bicolux, Ermsdorf
  • Optique Wirtz, Diekirch
  • Opti-vue, Diekirch
  • Opyos Beverages, Keiwelbach
  • Osch et Fils, Vianden
  • Päiperléck Aides et soins, Diekirch
  • Patati Patata, Diekirch
  • Pompes Funèbres Bous-Goergen, Diekirch
  • Restaurant le Bonheur, Moestroff
  • Restaurant Jardin du Portugal, Diekirch
  • Restaurant-Pizzeria Dobao, Wallendprf-Pont
  • Restaurant-Pizzeria Neptwone, Colmar-Berg
  • Solid Constructions, Schieren
  • TS Trade Fahrzeugeinrichtungen, Bissen
  • Tomcar, Bissen
  • Unio du Mazout, Ettelbruck
  • Voyages Unsen, Eschette
  • Vu Kapp bis Fouss, Bettendorf
  • Wagner-Schaffner, Bissen
  • Wickler Frères Exploitations, Ingeldorf

Green Events

D‘Pompjees-Musik Bettenduerf organiséiert hire Galaconcert dëst Joer ënnert dem Label Green Events. Domat engagéiere mir eis, fir eisen ökologeschen Foussofdrock als Veräin sou kleng wéi méiglech ze halen.

 

Wat heescht dat konkret?

 

- Bei de Liewensmëttel an Gedrénks, déi mir Iech zervéieren, kucke mir, dat dës méiglechst aus der Regioun (<100km) sinn.

Dat bedeit och, dat mir domat déi lokal Wirtschaft ënnerstëtzen.

 

- Mindestens ee Gedrénks an Iessen stamen aus biologescher Produktioun.

 

- Mir maachen eist bescht, fir esou mann Offall wéi néideg ze produzéieren. Dat gëllt och fir d‘Liewensmëttel, wou mir kucken, dat esou mann wéi méiglech Liewensmëttel nom Concert weggeheit ginn.

 

- Dat wat entsuergt muss ginn, do suerge mir derfir dat den Offall getrennt gëtt.

 

- Bei der Mobilitéit biede mir Iech ëm Är Ënnerstëtzung an Äre Bäitrag. An deem Sënn hutt Dir folgend Méiglechkeeten fir op eise Galaconcert ze kommen:

 

Ze Fouss

Doduerch dat de Centre Culturel am Zentrum vum Duerf lläit, ass dësen ganz einfach ze Fouss ereechbar.

 

Velo

Tëscht dem Centre Culturel an der Gemeng stinn Velostänneren, esou dat Dir och kamoud mam Velo kënnt kommen an Äre Velo direkt virun der Dier kënnt ofstellen.

 

Bus

Ronn 90 Meter vum Centre Culturel fannt Dir op der Haaptstroos zwee Busarrêten (Bettendorf Gemeng), wou dir gutt Verbindungen aus rsp. an d‘Richtungen Iechternach an Ettelbréck hutt. Op www.mobilitéit.lu oder ënnert der Telefonsnummer 2465 2465 kënnt Dir Iech iwwer de Busplang informéieren. Weider kënnt Dir och vum Nighthop profitéieren, deen Iech gratis vun 23.00 bis 02.00 am Stonnentakt bis op Méischtrëff an Colmar-Bierg bréngt. Hei fannt Dir de Busplang vum Nighthop: https://www.nordstad.lu/news/aktuelles/nighthop/

 

Auto

Natierlech kënnt Dir och mam Auto kommen. Mee Iert Dir Iech fir den Auto entscheet, bieden mir Iech ze kucken, ob Dir net awer ob eng vun den aneren Transportméiglechkeeten kënnt zréckgräifen. Do dernierft ass den Covoiturage eng flott

Alternativ, fir net eleng mam Auto ze kommen.