D'Bettenduerfer Musik gouf 1920 gegrënnt.

Aktuell zielt eis Musik 48 aktiv Musikantinnen an Musikanten.


Eis Musik kann op ee Repertoire vun iwwert 1'150 Musiksstécker zréckgräifen, esou dat mir Stécker vun alle Musiksrichtungen spillen; vun Klassik iwwer Blues bis hin zu Popmusik. 


D'Musik ass Member bei der Union Grand-Duc Adolphe UGDA. 
All Freiden ass Prouf vun 20 bis 22 Auer am Musikssall.

 

Dir sidd eng Musik, ee Syndicat oder eng Gemeng an braucht eng Musik fir Ärt Evenement? Dann schreift eis



Besetzung

Eis Musik setzt sech aus folgenden Regësteren an Besetzung zesummen

Holzblosinstrumenter

1 Piccoloflute

3 Querfluten

6 Klarinetten

3 Saxophon-Alt

2 Saxophon-Tenor

1 Saxophon-Bariton

Blechblosinstrumenter

7 Trompetten

3 Bugelen

1 Cor

2 Trombonen

3 Euphoniumen

1 Bass

Percussioun

4 Percussionisten



Gëff och du bei eis Member

 

Du Spills een Instrument an hues Loscht an enger villsäiteger Musik matzespillen?

 

Dann bass du bei eis häerzlech Wëllkomm

 

Kontaktéier eis


Vergaangen Galaconcerten

Zënter 2007 steet eise Galaconcert all Joer ënnert engem speziellen Thema mat entspriechender Dekoratioun