Eise Veräin gouf 1880 als Pompjeescorps gegrënnt an gouf 1920 duerch eng Musik ergänzt. Zanter deem besteet eise Veräin aus zwou Sektiounen, de Pompjeeën an der Musik.

 

De Veräin zielt momentan 37 Musikanten, 25 Pompjeeën an 12 Jugendpompjeeën. Insgesamt sinn 11 vun eise Memberen souwuel als Pompjee wéi och als Musikant am Veräin aktiv.

 

Déi zwou Sektiounen schaffen am Alldag onofhängeg vuneneen, an dach gëtt villes zesumme gemaach. Dëst spigelt sech och an eisem Numm an am Logo rëm.

 

Huet fréier zu ville Pompjeeën eng Musik gehéiert, esou sinn mir haut nach déi lescht Pompjees-Musik am Land, déi net nëmmen nach den Numm dréit mee nach aus Pompjeeën, Musikanten an Pompjees-Musikanten besteet.

Eis Aktivitéiten

Gemeinsam

  • Generalversammlung
  • Buergbrennen
  • Hämmelsmarsch
  • Haxefest
  • Ausflich
  • Veräinsiessen

Pompjeeën

  • Asäz
  • Übungen
  • Maintenancen

Musik

  • Prouwen
  • Galaconcert
  • Chrëschtconcert
  • Saisons- an Quartiersconcerten an der Gemeng Bettenduerf an ausserhalb