Dirigent

De Roderick Roddy Alexander Burnett ass zënter Abrëll 2019  eisen Dirigent. 
 

Hien huet mat 12 Joer an der Schoul op der Trompett ugefaangen an huet dunn d'Instrument beim Peter Franks geléiert. Hien huet mat der Fife Youth Band and Orchestra gespillt an war wärend sengen 3 leschte Joren a Schottland éischt Trompett vum National Youth Wind Ensemble of Scotland; en Héichpunkt war hei d'Frankräich-Tournee 1991.

De Roddy krut 1991 eng Plaz um Trinity College of Music zu London wou hien nierft der normaler Trompett beim Norman Burgess an Bob Farley och Barock Trompett beim Iaan Wilson studéiert huet.  

Den Ustouss fir ze dirigéieren krut hien vun sengem ursprénglechen Dirigent, deen hien fir säin 16. Gebuertsdag opgefuerdert huet den Ensemble duerch d'Stéck Choral and Rockout vum Ted Huggins ze féieren.

Spéider huet hien säin eegenen Ensemble gegrënnt, dee regelméisseg an senger Heemechtsstad St Andrews a Schottland opgetrueden ass.


Nodeems hien um Trinity College of Music Dirigent beim Jonathan Del Mar, Andrew Groves an Peter Stark studéiert huet, huet hien am Süden vun England säin eegenen Scratch Orchestra fir professionel Konzerten gegrënnt.

De Roddy huet an deene meeschten groussen Konzertshaiser a Groussbritannien an an Irland gespillt. Hien ass live bei BBC Radio an BBC Television opgetrueden an huet säin eegenen Orchester bei Performance - The Arts Channel fir d'Young Composer of the Year Awards dirigéiert.

Aktuell spillt de Roddy an verschiddenen lokalen Museken an ass Dirigent vun 2 Museken zu Lëtzebuerg. Regelméisseg gëtt hien fir Regësterprouwen gefrot souwéi och fir aner Dirigenten z'ersetzen.