D'Pompjeeën sinn den Ursprong vum Veräin an goufen 1880 gegrënnt.

 

D'Pompjeeën gehéieren zënter der Reform vun de Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg 2018 dem Corps Grand-Ducal d'Incendie et de Secours CGDIS als Centre d'Incendie et de Secours, CIS Bettenduerf, un.

 

All éischten Donneschden ass Übung, wou mir eis fir d'Praxis preparéieren. An all zweeten Donndeschden ass Maintenance, wou d'Asazmaterial an der Rei gehale gëtt.



Übungen

Op den Übungen prouwen mir iwwert dat ganzt Joer vill verschidden Themen fir ob all méiglechen Asaz virbereet ze sinn.

Asäz

Op den Asäz kënnen mir d'Wëssen vun de Formatiounen an Übungen an awer och d'Erfarung vun aneren Asäz praktesch ëmsetzen.



Gëff och du Member


Du wëlls dech gären engagéieren an Leit an Nout hëllefen?

Dann komm du bei eis an d'Pompjeeën

 

Ab 16 kanns du mat der néideger Grondausbildung bei den aktiven Pompjeeën matschaffen.

Du kanns eis gären kontaktéieren wanns du interesséiert bass.

Hei fënns du weider Informatiounen zu de fräiwëllege Pompjeeën.