Musiksschoul


Wann ee Kand (oder och een Erwuessenen) sech fir d'Musek begeeschtert, kann een ab 9 Joer an de Solfège goen, deen 4 Joer dauert an mat engem Examen ofgeschloss gëtt.

 

Ab dem 2. Joer Solfège kréien eis Schüler vum Veräin een Instrument an et kann een an d'Musekscoursen goen, déi an der Gemeng selwer ofgehale ginn. Ab dem 3. Joer Instrumentecours kann een an d'Jugendmusek vun de Gemengen Bettenduerf, Reisduerf an Tandel goen.

 

Do gëtt een iwwert zwee Joer op déi grouss Musek virbereet an no deenen 2 Joer kann een dann an d'Pompjees-Musek kommen. Dir kennt hei méi Informatiounen zum Museksunterrecht fannen: men.lu

 

Fir weider Froen kënnt dir eis gären kontaktéieren.